Klassësche Concert an der Eppelduerfer Kierch mam Trio Orpheus

Den 24 Mee war am schéine Kader vun der Kierch zu Eppelduerf e klassësche Concert mam Trio Orpheus : Frolieb Stollwerck, Violine und Sopran; Ceciel Strouken, Violoncello; Martin Pillwein, Klavier

Um Programm stungen Wierker vun Mozart (Fantasie d-Moll), Dvorzak (Sonatine G-Dur, Waldesruh, Rondo), Glæser (drei Lieder), Chopin (Ballade nr 1), Strauss (Heimliche Aufforderung) an Piazzolla (Vier Jahreszeiten).

Den SIT Aerenzdallgemeng hat extra e Fligel gelount fir dem Trio ze ermeiglechen, nach eng méi schéin Performance ze bréngen.

No dem musikalischen Genoss huet d'Aerenzdallgemeng op en Eirewäin am Häerenhaus zu Eppelduerf invitéiert.

Mei Info iwwert Manifestatiounen an der Aerenzdallgemeng : www.medernach.info