Schéckiwwerreechung am Schoulzentrum Ierpeldeng

Schéckiwwerrechung am Schoulzentrum Ierpeldeng

En Donneschdeg, 30.03. 2023 hunn d’Schoulkanner vum Schoulzentrum Ierpeldeng, zesummen mat hirem Léierpersonal an a Präsenz vum Schouldiekter Gérard Roettgers an dem Schäfferot vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, ee Scheck vun 6 000€ un d’Madammen Lentz a Pletschet vun der ALAEC (association lux. d’aide aux enfants cardiaques) iwwerrécht.

D’Vertriederinne vun der ALAEC hunn de Schoulkanner während deem ganze Moien interessant Erklärungen iwwert hir Associatioun a virun allem iwwert häerzkrank Kanner ginn an och erklärt, wat mat dëse Suen geschitt.

Dës Zomm ass den Erléis vum Krëschtmaart vum 16.12.2022, organiséiert vum Léierpersonal an der Maison Relais. Ee grousse MERCI un d’EIS, der Elteren-Associatioun vun der Gemeng Ierpeldeng, fir di wäertvoll Hëllef beim Verkaf vu Gedrenks a fir déi Ënnerstëtzung, déi mir ëmmer vun hinne kréien!

E ganz grousse Merci och un all Elteren, Grousselteren, Famill a Frënn, déi dëse schéine Schéck méiglech gemaach hunn!

Lucien Weis