D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 15. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.
Programm vum Dag
11:00 – 14:00 | Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg.
11:30 – 18:00 | Museksprogramm
De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks a Kreativatelieren fir Grouss a Kleng
Och dëst Joer hu mir eis erëm als Zil gesat mam Logo „Green Events” ausgezeechent ze ginn. Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:
regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un.d‘Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘GedrénksFlyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeiereng bewosst OffalltrennungVerzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteurend’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare
(www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:30 AuerDekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
Adress : 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)
Wann dir eis wëllt mat engem Don ennerstëtzen, da kënnt dir daat hei maan: FAIRE UN DON
Weider Infos fannt dir op eisem Flyer.
Flyer Summerfest 2024