26.11.2023 Chrëschtbasar vun Helping Hands for Animals asbl

Léif Déierefrënn,

Eisen traditionelle Chrëschtbasar fënnt dëst Joer den 26. November statt. Sonndes ab 11 Auer fannt Dir eis am Sall vun der Porte Ouverte op 17a, rue de Belvaux L-4025 Esch/Uelzecht.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt mat allerlee Leckereien.

Tombola, Secondhandchrëschtdeko, nei selfmade Chrëschtdeko, gehäkelt Saachen bidde mir Iech dëst Joer och nees un.

Eng ganz schéin Noriicht ass dass d'LA SPA Refuge de Thionville dëst Joer och nees e Stand bei eis huet.