Geliewte Solidaritéit

E Sonndeg, 10. Dezember hunn d’CaraPio vun den Escher Juppe-Scouten fir d’Stëmm vun der Strooss gekacht. Mat dëser B.A. (Bonne Action hunn si probéiert hirer Solidaritéit mat dene Leit auszedrécken déi an hirem Liewen net ëmmer Chance haaten. Mat enger gudder Bouneschlupp mat Mettwurscht hunn si derfir gesuergt dat eng 50 Leit dee Sonndeg Mëtten eng waarm Molzecht kruten. Tréi dem Motto « Probéier des Welt e bësse besser ze verloosse wi’s du se virfonnt hues » hun di 4 Meedecher an hir Chef probéiert op dës Manéier Brécken ze schloën, an e bësse Freed ze schenken.