HMEsch: Schéckiwwerreechung fir den TRAUERWEE

Ufanks Mee huet eng Delegatioun vum Organisatiounscomité vum 150enaire vun der Harmonie Municipale Esch zwou Vertriederinne vun der Associatioun Trauerwee fir eng Scheck-Iwwerreechung an der Casa d’Italia zu Esch/Uelzecht empfaangen.

Den Erléis vun 2000 Euro koum bei engem Concert de bienfaisance vun der Lëtzebuerger Militär-Musek den 29. Januar dëses Joers an der Jousefs-Kierch zu Esch/Uelzecht zesummen an dat am Kader vun de Festlechkeete vum 150.Gebuertsdag vun der Escher Stadmusek.

Et wor dëst eng engagéiert musikalesch Prestatioun fir en opbauenden emotionalen a gudden Zweck

D’Presidentin vum Organisatiounscomité, d’Daliah Scholl huet d’Bedeitung vum Trauerwee ënnerstrach, deen déi éischt Organisatioun hei am Land ass, déi Kanner a Jugendlecher an hirer Trauer begleet a si léiert mam Verloscht vun engem léiwe Mënsch ze liewen.

D’Directrice vum Trauerwee, d’Simone Thill-Claus an d’Presidentin d’Christiane Rassel-Clees hu sech erfreet a geéiert gewisen iwwert dësen Don, deen an hirer Betreiung vu Kannertrauergruppe gutt ugeluecht ass.

Säit bal 10 Joer organiséiert d‘Associatioun mat Sëtz zu Keel/Téiteng an enger Dependance zu Béiwen un der Attert Aktivitéiten, Formatiounen, Opklärungsgespréicher zum ëmmer nach tabuiséierten Thema Trauer.

Trauer brauch Begleedung an Ënnerstëtzung, och musikalesch.



Text: Maryse Lallemand

Foto: Alain Bartoli