Äre Projet (m)am Naturpark!

Remise prix Äre Projet

Déi dräi Naturparken Öewersauer, Mëllerdall an Our hunn e Mëttwoch, 26. September 2018 an der Duchfabrik zu Esch-Sauer déi sechs Gewënner vum Concours d'idées "Äre Projet (m)am Naturpark ausgezeechent. Déi dräi Eischtplacéiert sinn d'solidaresch Landwirtschaft "Fromburger Haff", de Makerspace vu CoLab an de Kraidergaart am Berdorfer Eck. Zousätzlech goufen dräi sougenannt "Prix d'encouragement verginn un "De Wëlle Gaart", de "Gemeinschaftsgaart Harel" an "Ee gescheit Blummendëppen". Déi sechs Gewënner erhalen Ënnerstëtzung vun den Naturparken an dem MDDI fir d'Emsetzung vun hire Projeten.


Déi nächst Editioun vum Concours "Äre Projet (m)am Naturpark!" fänkt Enn 2018 un!