Am Cader vun dem LiteraTour 2026 deen vum 17 bis den 30 Abrëll zu Beetebuerg statt fennt, huet "De Bicherclub" sech mat den Organisateuren zesummegetraff fir Don vun 3 000 €, (vum Verkaf vu gebrauchte Bicher am Joer 2025) ze iwwereeschen.
De Bicherclub weist drop hin datt deen nächste grousse Bicherverkaf fir 1 € de Kilo, e Samschdeg, den 16. Mee am Haff vum Bicherbuttek, vu 9 bis 17.00 Auer zu Eschweiler stattfennt. De Bicherbuttek huet all Samschdeg tëschent 14 a 17 Auer op. Hei kann ee Bicher zu engem faire Präis kafen oder och ofginn, den Erléiss vum Verkaf ass fir e gudden Zweck.
Weider Informatiounen: De Bicherclub Luxemburgensia, 5 rue de l’Ecole zu Eschweiler www.bicherclub.lu , op Facebook an op Instagram.