D’Eeschwëller Theaterkëst hott am Kader vun hirer Generalversammlung den 28. Mäerz 2026 eng besonnisch Aktioun ënnerstëtzt.
Am Laf vum Owend konnt e Scheck am Wäert vun 2500 Euro un déi engagéiert ASBL „Noël de la Rue“ iwwerreecht ginn.
De Leon Kraus hott de Memberen dobäi op eng ganz interessant a liewig Aart a Weis d’Aarbicht vun hirer Associatioun virgestallt. Heen hott erkläert, wéi wichtig sou eng Ënnerstëtzung fir hir Projeten ass, well d’ASBL ausschliisslich duerch Done funktionéiert.
D’Freed iwwer dës Ënnerstëtzung war grouss an de Bäitrag wäert och direkt an d’Aarbicht vun „Noël de la Rue“ afléissen.
Mat dëser Initiativ weist d’Eeschwëller Theaterkëst säin Engagement fir sozial Zwecker, well d’Memberen domat neck nëmmen op der Theaterbün de Leit engt Laachen an d’Gesiicht zaubere kënnen, mee och deene Mënschen eng Freed man, deenen et an eiser Gesellschaft neck esou gutt geet.