Konveniat vun de 75-järegen Ettelbrécker

15
Jun
2025
15 Jun

Fir e Konveniat haten sech 25 Meedercher a Jongen vum 1950-er Joergang op der Ettelbrécker Gemeng getraff. Flott datt och Schoulkomeroden aus Amerika a Frankreich ugereest waren. Nodeems de Komerod Fränz d'Inviteeën begréisst huet, an op d'Nokrichszäit, de Nees-Opbau, déi schéin a laang Zäit ouni Kricher agang war, konnt de Burgermeeschter Bob Steichen, enkadréiert vu sengem Schäfferot, ganz interessant Neiegkeeten zu der Entwécklung vun eiser Stad Ettelbréck - an der Nordstad, erziëlen. Nom gemittleche Patt, an der Foto op der Trap (Chantier), ass d'Gesellschaft gratis vun Autocars Meyers sécher an den Hotel Dahm gefuer, fir do Spargelen a frescht Erdbier ze genéissen. Nodeems de Bus eis am Nomëtteg nees am Däich ofgesat hat, konnte mir bei drechnem, killen an awer sonnegem Wieder e gemittlechen Tour um LUGA-Pad lanscht d'Uelzecht trëppelen. Fir Ofschloss vum flotte Konveniat konnten déi 75-järeg Ettelbrécker nach e Nordstad-Cocktail op der Terrass vum "LUGA AgriLab" genéissen.