123 Schüler:inne vum Lycée Technique d'Ettelbruck hate Grond ze feieren

Grouss Premières-Diplomiwwerreechung zu Ettelbréck am LTEtt


123 Jonker aus dem LTEtt hunn hiren Ofschlossexame gepackt a kruten den 8. an 9. Juli am Kader vun 3 familäre Feierlechkeeten hir Diplomer iwwerreecht. Freides owes kruten d’Schüler:inne vun der 1GIG, 1GSE, 1TPEE1, 1GCG an 1GCC hir Diplomer vum Minister fir Energie a Raumentwécklung, dem Claude Turmes, iwwerreecht,  deen si encouragéiert huet sech weider am Beräich erneierbar Energien ze investéieren, ganz nom Motto vum Lycée: Op d’Zukunft spezialiséiert!


Op de Commerce-Klasse gouf et gläich 3 mol eppes Besonnesches ze feieren: 3 mol gouf nämlech de beschten Examen am Land op dëse Sektioune geschriwwen! Den LTEtt ass extra stolz op d’Marie, d’Cynthia an Ornella! D’Marie an d’Cynthia vun der CG hunn allenzwee eng Moyenne vu 50 an d’Ornella vun der CC krut mat enger Moyenne vu 54 souguer déi eenzeg Mentioun « excellent » op CC am Land! Gutt geschafft, Meedercher!


Samschdes Moies huet d’Madamm Véronique Schaber, d’Directrice vum Service de la Formation professionnelle, als Vertriederin vun eisem Educatiounsminister, de Laureate vun de Klassen 1TPCMF, 1TPCM1 an 1TPCM2 gratuléiert an ass an hirer Ried och op hir eegen Zäit hei am LTEtt agaangen. Och de Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, den Här Jean-Paul Schaaf, huet et sech net huele gelooss, de Schüler:inne vun de Klassen 1TPCM ze gratuléieren an ass besonnesch op hir Roll an der Gesellschaft agaangen.

Samschdes mëttes goufen dunn eis Schüler:inne vun den SO-Klasse geéiert. An hirer Ried huet d’Vertriederin vum Educatiounsminister, d’Madamm Marguerite Krier, de Jonke bewosst gemaach, datt si lo all déi néideg Kompetenzen hätte fir hire weidere Wee ze meeschteren, fir den nächsten, méi grousse Puzzle an hirem Liewen zesummen ze sëtzen.


Mee net nëmmen Diplomer, mee och Präisser fir besonnesch Leeschtunge goufe verdeelt: Merci der Chambre de commerce, der Chambre des salariés, der Däitscher Botschaft an der Gemeng Ettelbréck!


123 Diplomer, dat sinn 123 jonk Mënschen, déi den LTEtt elo hannert sech loosse fir nei Weeër ze goen. Et gouf vill emotional Momenter dëse Weekend, et ass gelaacht a gekrasch ginn. An elo: Bonne Chance iech Ex-Schülerinnen an Ex-Schüler vum LTEtt op ärem weidere Wee!