50 Beem fir 50 Joer Lycée Technique d'Ettelbruck

Am Kader vum Dag vum Bam kruten d’Pätteren a Giedele vun der Aktioun <50 Beem fir 50 Joer LTEtt> gewisen, wou am Grondwee zu Ettelbréck dëse Bongert ugeplanzt gouf. D'Partner vun dësem Projet, natur&ëmwelt an d'Gemeng Ettelbréck, hunn sech sur place kënnen dovun iwwerzeegen, datt sech déi héichstämmeg Uebstbeem ganz gutt entwéckelt hunn. Bei där Geleeënheet gouf och scho geplangt, wou de Lycée Technique d'Ettelbruck déi nächst Bamplanzaktioun duerchféiere kann.