Biergerinitiative Warken


Här Député-Maire Jean-Paul SCHAAF ,
An Ärer Mail vum 8.7 huet Dir eis gesoot, dass Dir eis nom 20. Juli nach eng Kéier kennt begéinen fir iwert d’Doléancen vun der Biergerinitiativ Waarken ze schwätzen. No der öffentlecher Interventioun vum Schefferot vum 22. Juli gesi mir awer datt dat kee Sënn méi mécht. Dir bleiwt bei ärer Iwwerzeegung, datt Dir am Sënn vum Allgemengwuel alles richteg maacht an datt an de Biergerinitiativen lauter Egïsten séch nëmmen iwert hir eege Liewesqualitéit Suerge maachen.. Déi Astellung mécht eis natierlech immens béis. Fakt ass et, datt mir gesinn, datt Dir, zesummen mat de Promoteuren, op ee Chaos lassteiert, deen séch lues awer sécher negativ op d’Liewesqualitéit vun allen Ettelbrécker auswirke wäert an deen Ettelbréck als Wunnstad bestëmmt ëmmer manner attraktiv wäert maachen.
Mir sin awer scho frou datt d’Birgerinitiativ Waarken et fäerdeg bruecht huet, datt de Schefferot ebësschen ëmgeduecht huet, wat d’Baudicht zu Waarken ubelaangt. Esougur déi Gréng schéngen mëttelerweil op déi Linn anzeschwänken. Et wär natierlech méi flott geswiescht, wann déi gréng Vertriéderin am Gemengerot scho virun zwee Joer géint déi iwerdriwwe Baudicht vum Projet op dem fréieren No-Nail-Boxes-Terrain gestëmmt hätt.
Waat mit awer net verstin, dat ass datt d’Awunner vu Warken an och vun der Avenue Salentiny Dag fir Dag de Verkéier vun dausenden Autoen erdroen mussen, déi iwert de Schläichwee Feelerdällchen eran an eraus fuhren. Dee Verkéier gehéiert op eng Nationalstroos. A wann déi deen an de Stousszäiten net packt, wéi dat op ville Plazen am Land de Fall ass, da musse Léisungen um nationale Plang fonnt ginn. Et kann net sinn, datt Feldweeër mussen hirhalen fir déi Problemer ze léisen. An eisem Fall erreecht ee just, datt de Staat d’Ubannung vu Feelen un d’Nordstrooss, déi scho méi wéi 25 Joer an der Plaanung ass, emmer erëm kann zrécksetzen an och durch d‘Auswirkungen vun der Finanzkris vun 2008 a vun deene mat Sécherheet viraussehbaren zukünftege Finanzproblemer och zrécksetze wäert. Mir bestin also drop datt de Feelerdällchen fir den öffentleche Verkéier zougemeet gëtt an dat geet och esougur ouni den Accord von der Gemeng Feelen, well vun der Gemengegrenz un ass d’Gemeng Ettelbréck Meeschter. Där Beispiller gëtt et och an der Stad Lëtzeburg. Wann dann tatsächlech de Verkéier de Wee iwert d’Zone 30 Lôpert erem géif sichen, da mussen déi Stroossen eben erëm fir d’Riverainen reservéiert ginn..
Mir ginn och devun aus, datt déiselvescht Finanzproblemer an och ee séiert Uwuesse vun der Awunnerzuehl et der Gemeng onméiglech maache wäerten, all fir all hir schéi Wënsch, déi mir elo geschwënn an de Wahlprogrammer liése kënnen, net réaliséierbar sinn. Mir wäere scho frou, wann nach Geld genuch do wäer fir déi néideg Schoulraim ze schafen, den Ënnerhalt vun de Gemengestroosen, speziel vun denTrottoiren, vun de Kanal- a Wassernetzer asw. ze garantéieren. Déi pur Euroen, déi d’Gemengen iwert de Pact Logement kréien, kënnen d‘Gemengefinanzen bestëmmt net retten.
Waat d’Parken a Waarken ubelaangt, si mir der Meenung datt d’Vergréisserung vum Kliniksparking, dee jo payant gëtt, de Problem vun den Dauerparker an de Camionetten an de Wunnstroossen net léist. Virwaat kann een de Stationnement net mam Parkscheiwesystem op dräi Stonne begrenzen?
Mir erwaarden datt eis Gemeng virun allem fir hir eege Bierger, schwätz Wiéler, do ass a mir erwaarde mat Spannung déi ugeschwate Wahlprogrammen.
Kopie vun dëser Mail gin un d‘Memberen vun eiser Initiativ, un déi eenzel Memberen vum Gemengerot, un d’Press a si gëtt och op eisem Internetsite an ënner mywort veröffentlecht.
De Komitee vun der Biergerinitiativ Waarken,