Op Invitatioun vum Europadeputéierten Georges Bach sinn d’Memberen vun de Bluttspender Ettelbréck e Mëttwoch op Stroossbuerg gefuer. Den CSV-Europadéputéierten huet de Grupp emfangen duerch eng gutt Presentatioun an déi europäesch Institutiounen an a seng Aarbecht agewisen.
Nom obligatoreschen Gruppebild an enger halwer Stonn op der Tribune am Plenarsalle koum et beim Mëttegiessen zu engem lockeren an opschlossräichen Austausch tëscht de Bluttspender-Sympathisanten, dem Georges Bach a senge Mataarbechter.
Ofschléissend huet de Grupp nach 2 Stonnen vum flotte Wierder am Stroossbuerger Zentrum profitéiert.
De nächsten Ausfluch: e Sonnden, den 4.August an den Walygator.
Am Kader vum Weltbluttspenderdag kann een sech de Weekend vum 14. an 15.Juni am Cactus Angelduerf als Bluttspender aschreiwen.