D'Schüler:inne vum LTEtt installéiere selwer eng Photovoltaikanlag

En Juni hunn 6 verschidde Klasse vum Lycée Technique vun Ettelbréck mat grousser Begeeschterung a Motivatioun bei der Installatioun vun enger 150kWp-Photovoltaikanlag um Dach vun hirer Sportshal gehollef. Am Kader vun dëser Installatioun goufen Aluminium-Profiller um Flaachdaach montéiert. Dono goufen d'PV- Module mat enger Neigung vun 10° drop installéiert a verdrot. Greenpeace huet am Kader vum Projet Jugendsolar d'Sécherheetsmaterial zur Verfügung gestallt.


Zil vun dësem Projet war et, de Schüler:innen d'Thema erneierbar Energië méi no ze bréngen. Theorie a Praxis goufe verknäppt, sou datt nieft der immens flotter Erfarung mat de Leit vum Terrain zesummen ze schaffen, et och eng eemoleg Geleeënheet war fir an dat reaalt Beruffsliewen eranzeschnupperen.