De BTS aus dem LTEtt am Minett ënnerwee

Den 20.04.22 konnten d’Studente vum BTS aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck duerch d’Naturschutzgebitt Leiffräche wanderen an dobäi déi eemoleg Landschaft vun dem deemolegen Tagebaugebitt bewonneren. Eng grouss Biodiversitéit u Planzen an Déiere konnt festgestallt ginn a souguer Fossilien (hei e Belemnite) hu mer fonnt!  Dono goung d’Rees zu Rëmeleng ënnerierdesch weider an de Stollen / d’Galerië vum « Musée des Mines ».