De Grupp Brasilux an de Pater Geisen (SCJ)

Brasilux ass e Grupp vun 8 Leit, deen di wäertvoll Aarbecht vum MCP (Mouvement des Communautés Populaires) a Brasilien ënnerstëtzt. Iwwer de Kontakt mam Pater Johny Geisen (SCJ) a besonnesch während 2 Camp-Chantiers 2013/2016 vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn mir dës wonnerbar sozial Bewegung kennegeléiert. Den MCP setzt sech a fir eng besser Educatioun, e bessere Gesondheetssystem an eng méi gerecht Gesellschaft. Duerch eng geziilt a gemeinschaftlech Aarbecht op der Basis versicht den MCP, deen ca 15.000 Leit zielt, d’Aarbechter, d’Baueren, d’Indios an d’Quilombolas (Nokomme vun de Sklaven) ze sensibiliséieren, ze vernetzen, mat hinne Léisunge fir hir Problemer ze sichen an hinne sou e bessert Liewen ze erméiglechen an d’Gesellschaft laangfristeg ze veränneren.

De Père Johny Geisen, dee leider den 9.11.2016 zwee Deeg virun sengem 74 Gebuertsdag gestuerwen ass, huet dës Bewegung säit hiren Ufäng zur Zäit vum Bëschof vun den Aarmen, Helder Camara, matgegrënnt a bis zu séngem Doud staark geprägt. Sou staark, datt den MCP him e Memorial opgeriicht, en “Instituto Pe. Joao Geisen” gegrënnt an e Buch iwer hien erausginn huet. Och di Réiser Geméng huet hirem Réiser Jong eng Strooss gewidmet.

D’Monique Langevin, Präsidentin vun der ONG ASTM schreift iwer de Père Geisen : „João a fait preuve d’une énergie sans faille pour rester aux côtés des plus démunis.... Pendant les réunions (au Brésil) João était là, restant en retrait, mais on sentait bien que c’était l’âme du mouvement. Il était trop modeste pour le reconnaître, mais j’ai pu sentir chez les membres du mouvement un amour, une reconnaissance sans pareil.“

Brasilux huet sech beim Doud vum Père Geisen zur Aufgab gemat, de Lien vum MCP mat Lëtzebuerg oprecht ze erhalen, weider ze sensibiliséieren a Projet’en duerchzeféieren. Ee vun eise momentane Projeten ass eng Wander-Expo iwer den MCP, déi hir kollektiv Léisungen bei Problemer an 10 Beräicher (Economie, Infrastruktur, Wunnen, Gesondheet, Educatioun, Famill, Relioun Kultur, Sport a Fräizäit) weist. Weiderhin hu mir jo grad eng Buch-Iwersetzung vum brasilianeschen Original erausgin. Momentan finanzéiere mir och e Projet fir ökologesch Erzéiung zu Petropolis, wou jo viru kuerzem vill Leit duerch eng klimabedéngt Katastroph ëmkoumen.

Weider Infos op: www.brasilux.lu

Text: Marc HUBERT


„Père Johny Geisen“ – E neit Buch iwwert e Réiserbänner Jong

Eng Autobiographie vum Pater Johny Geisen, mat Témoignagen iwwert hien; a franséischer Sprooch, mat puer Texter op lëtzebuergesch an däitsch; 160 Säiten; vill faarweg Fotoen; Virwuert vum Marc Hubert fir Brasilux.  1. Editioun vum Buch op portug., Brasilien, 2018, 2. Editioun op frans., Lëtzebuerg, Mee 2022.

De Pater Johny Geisen: 1944 gebuer zu Lëtzebuerg, opgewuess zu Béiweng am Réiserbann, 1969 éiweg Profess als Herz Jesu Pater (SCJ) zu Clairefontaine, 1971-2016 geschafft am Nordoste vu Brasilien, wou hien sech 45 Joer laang mat Läif a Séil fir d’aaremt Vollek agesat huet. Dëst geschitt haut besonnesch duerch seng Bewegung

MCP - Mouvement des Communautés Populaires, déi hien zesumme mat ville Matkämpfer gegrënnt huet an déi sech haut a ville Bundeslänner vu Brasilien konkret fir hir Rechter an eng méi gerecht Gesellschaft asetzt.

D’Buch kann ee kafen beim Marc Hubert (zu Ettelbréck, sms 621 245836) oder bei der Fondation Partage Luxembourg duerch Iwerweisen vum 25,00 € (& 5€ Porto bei Verschécken) op den CCPL LU74 1111 1261 0097 0000 mam Vermierk “Brasilux-Buch Johny Geisen”.