De Lycée Technique d'Ettelbruck trëfft seng Erasmus-Partnerschoulen zu Almeria

67 Jonker vu véier Partnerschoulen (Colegio La Salle aus Almeria/Spanien, HTL St. Pölten aus St. Pölten/Éisterräich, Gottlieb-Daimler-Schule 2 aus Sindelfingen/Däitschland a Lycée Technique d’Ettelbruck/Lëtzebuerg) hunn sech am Kader vum Erasmus-Projet „climate change – open your senses“ vum 10.-16. Mee 2022 zu Almeria getraff. Zil vum Projet ass et, datt d'Schülerinnen a Schüler e Miesskoffer mat Miesssystemer, Versuchs- a Bauuleedungen entwéckelen, deen dono och vun anere Jonker iwwerall op der Welt kann nogebaut an agesat ginn.


Zu Almeria hunn déi Jonk a gemëschte Gruppen zesummegeschafft an hunn sech direkt gutt verstanen. A Workshoppen hunn si sech géigesäiteg zu den Theme Loft- a Waasserverschmotzung informéiert a speziell Multisensoren entwéckelt, éier si da wärend engem Dag mat Jonken aus der Primärschoul dohannen dat ausgeschafftent didaktescht Material getest hunn.


Um Programm stoungen och Virträg zu den aktuellen Technologien an de Zären zu Almeria an d'Schülerinne kruten erkläert, wéi d'Temperatur reguléiert gëtt a wat fir eng Alternativen zu Pestiziden et geet. Natierlech hunn si sech awer och déi schéi Stad Almeria mat hirer Festung Alcazaba ugekuckt, andeems si e Rallye duerch d'Stad gemaach hunn. Awer och Sport an Danze stoungen um Programm. Héichpunkt an Ofschloss war awer den Ausfluch an den Naturpark „Cabo de Gata“ an d'Kayaktour am Mier. No engem leschte Besuch vun der Plage huet et dunn geheescht den neie Frënn Äddi soen.