Feierlechen Ofschloss vum Projet d'établissement am Lycée Technique d'Ettelbruck

Ofschloss vum ale Projet d'établissement ... a Start vun engem neie Projet am LTEtt!

De 14. Dezember war an der Chambre de Commerce den offiziellen Ofschloss vum Projet d'établissement vum Lycée Technique d'Ettelbruck, deen d'Nohaltegkeet zum Thema hat. Mee och wa mat der Iwwerreechung vun der Plaquette de Projet offiziell op en En gaangen ass, bedeit dat net, datt net weider zum Thema Nohaltegkeet am LTEtt geschafft gëtt! Sou ass de Poste vum Ëmweltdelegéierte geschafe ginn, dee fir d'Verankerung vu villen Aktioune wéi zum Beispill den Nohaltegkeetsdeeg am Alldag suergt. An och am Schoulprogramm, wéi zum Beispill op der Sektioun Ëmweltwëssenschaften, ginn déi jonk Leit sensibiliséiert a fit gemaach fir d'Beruffer vun der Zukunft.


Am LTEtt gëtt elo fläisseg um nächste Projet d'établissement geschafft. Thema ass dës Kéier d'Wuelbefannen, eppes wat besonnesch an dësen Zäite wichteg ass fir eis Jonk an awer och d'Personal.