Hal Deng Gemeng propper!

All Joer ginn 300 Tonnen Offall an d'Dreckskëschten vun der Stad Ettelbréck gehäit. Ee Véirel dovun an déi, déi virun de Schoulen an de Kierche stinn. Eng Projetsgrupp aus der Privatschoul Sainte-Anne huet dëst zum Ulass geholl, fir zesumme mam „Syndicat d'Initiative et du Tourisme“, ee Projet auszeschaffen, fir d'Poubellen nach méi uspriechend ze gestalten.

An Zukunft wäerten d'Ettelbrécker deemno vum Ettelbrécker Offallmonster, a vu Spréch wéi „Fidder mech!“ oder „Gëff mir Däin Dreck“ dozou opgefuerdert ginn, hire Knascht net méi einfach esou op d'Strooss ze geheien.

Dat Ganzt leeft am Kader vum Schoulprojet „Hal Deng Gemeng propper“. Ënnerstëtzt geet dës Initiative vun der Gemeng a vum Geschäftsverband. (L.E.)

Foto: Luxemburger Wort (Arlette Schmit)

More news by Syndicat d'Initiative Ettelbruck >