Mann brutal zesummegeschloën: DP-Ettelbréck/Waarken fuedert méi Police


De lokale “Commissariat de proximité” zu Ettelbréck muss endlech duerch e “Centre d’intervention” ersat ginn.

Nodeems an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg ee Mann op der Ettelbrécker Gare brutal zesummegeschloe gouf, verlaangt d'Demokratesch Partei – Sectioun Ettelbréck/Waarken, datt d’Policepräsenz zu Ettelbréck zollitt verstäerkt gëtt.

De lokale “Commissariat de proximité” muss endlech duerch e “Centre d’intervention”, dee 24 op 24 Stonnen op ass, ersat ginn.

D’BiergerInnen aus der Ettelbrécker Gemeng musse wëssen, datt si jidder Zäit op d’Police zréckgräifen an ziele kënnen, wa si Hëllef brauchen. D’Zuel vun de Polizisten, déi zu Ettelbréck rondrëm d’Auer präsent sinn, muss dofir eropgesat ginn. D'DP-Ettelbréck/Waarken plädéiert zënter Jore fir regelméisseg Fousspatrouillen duerch Ettelbréck.

D’Präsenz um Terrain an déi präventiv Aarbecht sinn déi Haapttrëmp an der Bekämpfung vu Strofdoten. An Zukunft mussen och d'„Agents municipaux“ besser mat agebonne ginn fir d’Police op problematesch Plaazen opmierksam ze maachen.