NIMOOLS VERGIESSEN

Den 27. Januar 1945 gouf d’Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau befreit an zënter dem Joer 2005 denken mir weltwäit mat der Journée internationale de la mémoire des victimes de l’Holocauste un d’Affer vum Nationalsozialismus.

Och fir d’ Ecole Privée Sainte-Anne ass et ganz wichteg, dass di ganz Schoulgemeinschaft sech mat dem Thema auseneensetzt. Schülerinnen hunn zesummen mat der Direktioun ee Zeechen no baussen gesat an all Klass huet de Film „Nimools vergiessen“ gekuckt. An dësem kuerze Film gëtt um Beispill vum Marcel Ossowski, engem Ettelbrécker Jong, d’Schicksal vun de Judden och zu Lëtzebuerg gewisen. Hien gouf mat 15 Joer zesummen mat senger Mamm an sengen 3 Geschwëster op Auschwitz déportéiert, wou si ëmbruecht goufen.