Pensiounsfeier am Lycée Technique d'Ettelbruck

«Toutes les bonnes choses ont une fin»


Dat hunn sech 6 Leit vum Personal aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck och gesot an duerfir hunn si elo vun der Geleeënheet profitéiert fir an déi wuelverdéngte Pensioun ze goen. Fir deene laangjärege Kolleegen a Gewunnechten Äddi ze soen, gouf eng kléng Feier organiséiert – Mir wënschen dem Maria aus der Botzekipp, dem Jean-Marie aus dem Elektrosdepartement, dem Georges aus dem Schweessatelier, dem Rosch aus der Schwemm an dem Guy aus dem Sekretariat all Guddes fir d’Zukunft an dass si déi nächst Zäit den neie Liewensofschnëtt « geloossen » uginn. D’Maria an de Guy hunn zesumme 70 Joer am LTEtt geschafft. Mir gratuléieren hinnen a wënschen eis, dass mir si nach oft bei eis an der Schoul kënne begéinen.