Timber: Eng Leidenschaft

Fir seng 25. Timber- a Postkaartenausstellung zu Ettelbréck huet de Cercle philatélique aus der Pattonstad de Sammler dëse Sonnden am Lycée Technique Rendezvous ginn. 40 Händler aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Däitschland hunn op 93 Dëscher honnerten Hobbysammler een Échantillon vun hire schéinsten Timberen, Postkaarten, Bicher, Schäiner, Mënzen etc gewisen an zum Verkaf ugebueden, sot de President Jean-Louis Reuter géigeniwwer mywort.lu.

Fir dëse besonneschen Ulass huet de Veräi mat enger grousser Renommee iwwert d'Grenzen eweg ee personaliséierten Timber - mam neien Tëschebau vum Stadhaus drop - erausginn. Een temporaire Postbüro vum Office des timbres, mat Cachet spécial, ass op der Plaz. Dräi auslännesch Experten hu wëssenswert Informatiounen iwwer folgend Theme ginn: den Däitsche Formery huet um 10h allgemeng iwwert "d'Ansichtskarte als Sammelobjekt" gezielt, de Belsch Kunysz huet och moies Präzisiounen iwwert d'Kollektioun "Ballons montés durant la guerre franco-prussienne de 1870" ginn an de Fransous Moreno huet am Nomëtten ee klengt Referat iwwert "Les cachets à date allemands en usage au Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale" gehalen.

Fir vill (och jugendlech) Visiteure war ee Passage bei de Pappe vum Super Jhemp - dem Lucien Czuga an de Roger Leiner eng agréabel Flicht. Dem Roger Leiner säi Super Jhemp mat Signature wäert an enger Partie Jore gewëss ee gefrote Sammelobjet sinn.