3. Editioun L’Art-Rochette Photoweeks

03
Jun
2023
03 Jun 04 Jun 05 Jun 06 Jun 07 Jun 08 Jun 09 Jun 10 Jun 11 Jun 12 Jun 13 Jun 14 Jun 15 Jun 16 Jun 17 Jun 18 Jun

Déi 3. Editioun vun den L’Art-Rochette Photoweeks fënnt dëst Joer statt vum 3-18/06/2023 op der schéiner Buerg an der Fiels. 38 Fotografen, professionneller, fédéréierter an Hobbyfotografen, stellen sech dem Thema „Lëtzebuerg“ a weisen wéi sie eist Land gesin.

No 3 Joer ginn d’Particpanten vun den Photoweeks ëmmer méi zahlreich. Sie sinn all net nëmmen Fotografen déi hir verschidden Styler a Methoden matenee vergläichen an diskutéieren, mee mëttlerweil och all gudd Frënn, bal eng grouss Famill, an treffen sech och regelméisseg ausserhalb vun der Ausstellung.

D’Expo ass op vum 3.-18.06.2023, all Dag vun 10.00 – 18.00 Auer. Et fënnt och e klenge Concours während den 2 Wochen statt, an zwar kann all Visiteur seng Lieblingsfoto wielen an déi eventuell den 18.06.2023 gewannen.

Kommt kucken an d’Fiels a loost iech vun villen flotten Biller inspiréieren.