De Cercle pédestre aus der Fiels hat den 19.März seng Generalversammlung am Centre Culturel.De Veräin besteet de Moment aus 45 Memberen.D'Haaptaktivitäte sinn déi 2 IVV Wanderungen,un deenen 2100 Wanderer deel gehol hunn.De Veräin war och op di eng oder aner Wanderung am noen Ausland an huet hei zu Land um Wandersummer deelgehol.Finanziell steet de Veräin gutt do,awer wéi a munch aner Veräiner happert et hei och mam Nowuess.D' Presidentin Christiane Martellini huet all de Memberen ,den Helfer aus anere Veräiner an der Gemeng Merci gesot,ouni si kënnten di Veranstaltungen net stattfannen.Besonnesch ervirzehiewen ass de Krëppercherswee mat enger Wanderaustellung vun iwwert 50 Krëppercher op engem parcours vu 5 km,déi vum 14.12 - 06.01.26 stattfonnt huet.Bei dëser Geleeënheet konnten d'Leit en Don maachen un d'Wonschkutsch.4800€ sënn dobäi zesumme komm an de Veräin huet opgeronnt op 5000€.D'Vertriederinnen vun der Wonschkutsch hunn sech häerzlech bedankt an hir Associatioun virgestallt.No den Usprooche vum Buergermeeschter Mirko Martellini an dem President vun der FLMP Romain Buschmann, huet d'Gemeng op den Éirenwäin agelueden an den Wanderveräin huet d'Schnittercher offréiert.D'Generalversammlung ass a gudder Stëmmung ofgeschloss gin.