Krëppercherswanderausstellung an der Fiels


De 14. Dezember hunn 80 Leit de Krëppercherswee an der Fiels opgemaach. Op gutt 4 km kënnt dir nach bis de 6. Januar Krëppercher aus aller Welt bewonneren. Dës Krëppe goufe vum d'Christiane Degraux gesammelt a virun 2 Joer fir d'éischt an der Buerg ausgestallt. Dëst Joer sinn der nach e puer derbäi komm a sou wäerten lo 53 Krëppen iech erfreeën. De Wee ass gezeechent gi vum Wanderveräin aus der Fiels mat Schëlter a Biller gemoolt vun de Kanner aus der maison relais. De Wee fänkt un beim Touristoffice an der Fiels an ass liicht ze begoen. IVV - Wanderer kënne suguer e Stempel kréien op der Gemeng vu Méindes-Freides vun 8-12 an 14-17. Wann iech di Ausstellung gefall huet géife mer eis freeën iwer e klenge Geste un d'Wonschkutsch (Kontosnummer oder QR code fannt dir op de flyeren ënnerwee).