De Jang Berns: 50 Joer Musikant an 13 Joer Präsident vun der Feelener Musek

Dese Samsdeg hat die Feelener Musek hire Galaconcert an der Sportshal zu Nidderfeelen. Ënnert denen 420 Nolauschterer waren de Nohalteschkeetsminister Marco Schank, de Fernand Etgen, Buergermeschter vu Feelen mat sengem Gemengerot, den Éierepräsident Marcel Thill souwie d'Ugda Vertrieder Roger Aachen an Roby Mamer präsent.

Ënnert der Leedung vun hirem dynamischen Dirigent Jean-Marie Thein hun di 58 Musikanten vun der Feelener Musek ee flotten Galaconcert ënnert dem Motto "Dänz" offréiert, den bei allen Nolauschterter mat vill Applaus honoréiert gouf. De Pier Stockreiser huet mat vill Kenntnis an Nofuerschungen durch de Programm gefuert. Och den Optrett vum Jugendensembel déi ënnert der Leedung vun hirer sympathischer Dirigentin Sandy De Marie-Schaltz stung, hun dat Musekstëck "Power Rock" wonnerbar interpretéiert. Och den "Hämmelsmarsch Revisited" ënnert der Leedung vum Komponist Ivan Boumans gouf vill applaudéiert.

Héichpunkt vum Owend war dann d'Éierung vum langjährigen Präsident Jang Berns. Den aktuellen Präsident Jean-Marie Bormann ass a senger Laudatio op dat langjährigt Engagement vum Berns Jang agang, den zënter méi wie 50 Joer als ganz aktiven Musikant, dovunner während 13 Joer als Präsident un der Spëtzt vun der Feelener Musek stong.

Als Dank an Unerkennung konnt de Jang Berns eng gëllen Auer entgéint huelen. Seng Fra Jeanny ass mat schéine Blummen iwerrascht gin. Kuckt Iech di vill Fotoen un déi ech fir Iech op desem gelongenen Galaowend zu Feelen geschoss hun.

Méi heivunner ass an de nächsten Deeg am Lëtzebuerger Wort ze liesen.

Fotoen : Charel Reiser