E Samsteg war wi all Joer op Ouschtersamsteg nees d´Osterrally zu Zerf déi zu engem Laaf vun der Letzeburgischer Meeschterschaft gehéiert. Mat engem groussen Starterfeld vun iwer 100 Starter waren natirlech och e puer Letzeburger déi do un den Départ gangen sin. Bei 7 °C vill Loft an regelméissegen Knöppelsteng Schaueren huet d´Wieder vir Zuschauer e bessien ze wenschen iwreg geloos me dat mecht engem richtegen Rallyfan net vill aus an deen steet awer lanscht d´Streck vir spektakulären Rallysport ze kuken.
E Berlandy, Reiter an Riebensahm hun der Kurs hieren Stempel vum 1 km bis deen letzten opgedreckt. Awer och eis Letzeburger Equipagen hun sech net enner kréien geloss.
Beschten Letzeburger an eng super Platz mecht den Equipage Thill / Lucius um Subaru Impreza WRX STI si landen no 6 WP´en op enger 11 Platz am General.
39. Am General gin den Didier Thein mam Nick Huberty um Peugeot 106 GTi.
Als 57. am General landen den Equipage Floener / Rasquin mam Peugeot 206 GTi.
70. gouf den Equipage Nerancic / Sittner um Peugeot 205 GTi.
Net esou gut goung et vir den Equipage Simon / Zenner mam Nissan Almera, si sollten leider no enger Sortie an enger krommer hönneschter Axe net méi wieder fueren können.
Pesch hat leider och de Sam Weimerkirch mam Luc Arend si haaten an der 1 WP problemer mat der Benzin´s pompel, emmer nees as hinnen den Motor ausgangen an no gudden 4 minutten haten si den Motor vun hieren Peugeot 206 RC nees um laafen an sin dun eng gut Rally gefuer awer konnten sech leider nemmen op der 78 Plaatz am General remfannen.
Leider sollten den Patrick Fank an den Kik Foxius d´Arrivée net gesin,si haten mat technischen Problemer ze kämpfen an hun missten an der WP 6 hieren VW Lupo GTi ofstellen.
Den Andy Schaus an Patricia Wanderscheid sollten mol net bis un den Départ kommen, si haten well direkt am Virmetteg missten d´Segel streichen wat bei deenen 2 vir batter Enttäuschung gesuergt huet, well e Laach an der Boite hinnen e Strich duerch d´Rechnung gemach huet.
Den Equipage Streicher / Bellantuono haaten Forfait erklärt, virwat as mir net bekannt.