Coupefinal vir d´Poussins vum FCKWormer!

D´Affiche vum Freiden Owend war: Deifferdeng géint FCKoeppchen. Bei 21 Grad a liicht bedecktem Himmel haten sech ganz vill Zuschauer zu Dräibuer um Terrain afonnt vir sech dësen wichtegen Match net entgoen ze loossen. Béid Equipen huet een am Ufank vum Match hier Uspanung ugesinn. Déi éischt 20 Minutten war et een regelrecht Oftaaschten vun deenen zwou Säiten. Wei awer dunn an der 21. Minutt een Fräistouss gepaff ginn ass, deen den Ivo ausgeféiert an den Nils mam Kapp erangesaat huet, war d´Eis gebrach. D´Supporter, déi sech mat Fändelen an Troteren ausstaffeiert haten, hunn elo Ambiance gemaach, an mat dësem Resultat sin d´Bouwen an d´Halbzeit gaangen.

Den Onparteieschen huet no 5 Minutten Paus déi zweet Halschent ugepaff an no puer schéin Aktiounen vun béid Säiten ass dunn an der 38. Minutt den Ausgleichgoal gefall. Et huet een gemierkt dass di Déifferdenger Bouwen elo alles wollten drun setzen vir ze gewannen. Mee déi Wormer wollten dësen Match awer och net aus der Hand ginn an et huet een hiren Wellen vir an d´Final ze kommen richteg gespuert. 3 Minutten dono huet den Mattis een Corner zum 2:1 verwandelt. D´Supporter waren aus dem Haischen, elo goung et Schlag op Schlag. 43. Minutt Kappgoal vum Nils no engem Corner vum Mattis. 49. Minutt Goal vum Joshua no enger schéiner Viraarbecht vum Ivo. 52. Minutt huet den Joshua nach emol getraff an schlussendlech an der 57. Minutt den 6:1 vum Eric. Beim Ofschlosspaff war den Jubel vun den Poussins, hirem Trainer an all hiren Supporteren riseg. D´Final ass elo den 24. Juni wou d´Wormer Poussins op den Racing treffen.