Eng net alldeeglech Medaileverdeelung
to see more pictures.
Eng net alldeeglech Medaileverdeelung bei de „Chorales réunies Gemeng Fluessweiler“ op Kiermes- a Cäeciliendag.
Feierlechkeeten 2025 op dräi verschiddene Plazen
Den traditionelle Cäeciliendag 2025 stoung dëst Joer ganz am Zeeche vun der Unerkennung an de Verdéngschter vun de Memberen aus de fréiere Chéier vun Donwen, Gouschteng a Fluessweiler. Op dräi verschiddene Plazen hu festlech Massen op Kiermesdag an op Cäeciliendag mat feierlechen Zeremonië stattfonnt, bei deene Medailen a Cadeau‘en un engagéiert Memberen iwwerreecht goufen. Dëst war eng flott Geleeënheet, fir d’Sängerinnen a d‘Sänger, déi sech iwwer Joerzéngte fir d’Chouermusek an d’Duerfliewen agesat hunn, deementspriechend ze feieren. Um Cäeciliendag, deen all Joer zu Éiere vun der helleger Cäecilia, der Patréinesch vun der Musek an dem Gesank, gefeiert gëtt, hunn d’Chorales réunies Gemeng Fluessweiler d‘Memberen aus de fréiere Chéier vun Donwen, Gouschteng a Fluessweiler op dräi hannerenee follgende Sonndeger, op jeeweils eegener Plaz zu enger Medailenverdeelung agelueden. D’Atmosphär war iwwerall gepräägt vu Frëndschaft, Dankbarkeet an Zesummenhalt. Bei all den Zeremonië war de Buergermeeschter Paul Ruppert, souwéi Vertrieder vum Piusverband, de President Marc Boever an d’Madame Jeanny Beckius-Gira, Member vum Zentralcomité séit 2006 a gläichzäiteg Member vun der Chorale Donwen, vertrueden. Duerch hir Präsenz an hir Wierder hunn si de grousse Wäert vun der musikalescher a gemeinschaftlecher Aarbecht vun de Chéier ervirgehuewen. De Buergermeeschter huet betount, wéi wichteg déi fräiwëlleg Engagementer fir d’Duerfliewen an den Zesummenhalt sinn. De Paschtouer Guy Diederich huet an deenen dräi Kierchen eng feierlech Mass gehalen déi vun der Chorales réunies Gemeng Fluessweiler gesanglech verschéinert gouf. Op deene jeeweilige Plaze goufen d’Medailen un déi engagéiert Memberen vun deene fréiere Chéier, déi mat vill Häerzblutt a Leidenschaft iwwer vill Joren d’Chouerliewen matgedroen a gepräägt hunn, iwwerreecht. D’Laureaten hu mat vill Freed a Stolz dës Auszeechnung entgéintgeholl. D’Medailenverdeelung war net nëmmen eng offiziell Unerkennung, mee och e Moment vum Zesummekommen – mat Musek, Gesank a geselleger Stëmmung. D’Feierlechkeeten zu Donwen, Gouschteng a Fluessweiler hu gewisen, wéi staark d’Verbonnenheet vun de Memberen an där neier Chorale nach ëmmer weiderlieft. D’Medailenverdeelung war eng schéi Geleeënheet, fir all déi Leit ze honoréieren, déi sech fir de Gesang an den Zesummenhalt an hiren Dierfer an an der Gemeng agesat hunn. D’Wierder vum Paschtouer Guy Diederich a vum President vun de Chorales réunies Gemeng Fluessweiler esou wéi d’Präsenz vun de Vertrieder vum Piusverband a vum Buergermeeschter hunn dësem Dag eng ganz besonnesch Wäertschätzung ginn. Den Ofschloss vun de Feierlechkeete gouf mat engem gudden Iessen an engem gudde Pättchen am Restaurant Le Menhir beim Zehra zu Fluessweiler wierdeg geféiert. Erënnerunge goufen ënnereneen ausgetosch an et gouf gemeinsam op déi schéi Momenter an déi vill Jore vun Engagement zeréckgekuckt. Dëse Cäeciliendag wäert alle Sängerinnen a Sänger nach laang positiv an Erënnerung bleiwen.
Hei d’Laureaten den Dierfer no:
vun Donwen
Ries Claudine (10 Joer), Lenert-Haupert Fabienne (10 Joer), Biver Marguy (20 Joer), Demuth-Felten Tania (20 Joer), Ries Marco (20 Joer), Konsbrück Thierry (Organist a Pianist seit 25 Joer), Sinner-Ley Nadine (30 Joer), Fonck Nicolas (30 Joer), Beckius-Gira Jeanny (40 Joer), Ruppert-Weydert Jeanny (40 Joer), Lenert-Godfroid Anni (40 Joer) a Ries Nicolas (60 Joer)
Vu Gouschteng hunn dräi Sänger een Diplom den 22. Oktober vum Bëschof Jean-Claude Hollerech iwwerreecht kritt :
Rollinger Jean-Pierre (77 Joer dovun 66 Joer Dirigent), Gondringer Marcel (74 Joer), Gérard Schmit (71 Joer dovun 33 Joer President), vum Veräi goufen och nach geéiert de Josy Soisson dee wärend 53 Joer Keessier war an de Luc Rollinger dee séit 40 Joer Organist a Pianist vun der Chorale ass
vu Fluessweiler,
Rocco-Rodrigues Dias Maria (20 Joer), Diederich Guy (35 Joer Paschtouer a Präses vum Chouer), Rippinger Tina (30 Joer), Rippinger Véronique (30 Joer), Thilges Maryse (30 Joer),
Irthum-Thilges Danielle (40 Joer), Schmit Ernest (50 Joer), Gobillot-Ernster Danielle (50 Joer), Sadler Jean-Marie (50 Joer), Weis-Gras Mariette (50 Joer), Wagener-Schroeder Marie-Paule (50 Joer dovu 35 Joer Presidentin) a Stutz Jos (Diplom fir 60 Joer Gesang).