FOULSCHTER GESANK & FRIENDS IN CONCERT

11
Oct
2025
11 Oct

Programm

Eise Kanner- a Jugendensembel mécht wéi ëmmer de Start, dëst Joer mat Auszich aus Matilda the Musical (Musek vum Tim Minchin), iert de Foulschter Gesank mat Solisten a klenge Gruppen aus eise Reien iwwerhëlt. Si presentéiere vun Extraiten aus verschiddene Musicals wéi Grease, Mozart, Mozart!, The Great Comet iwwer klassesch Musik (Fauré) bis zu zäitgenëssescher Literatur (Juliana Hall). Den Ofschloss mécht d’Wirsch mat senge Wueden an de ganzen Ensembel vum Foulschter Gesank mat der Dicksiana, engem Potpourri mat Lidder aus Lëtzebuerger Operette vum « Dicks » (Edmond de la Fontaine)

No der Paus ass et dann un eisen Invitéen, der Chorale mixte Berdorf Consdorf, déi äis ee flotte Programm vu Klassik bis Pop duerbréngen, dëst ënnert der Leedung vun hirem Chef Daniel Lang. Den Daniel Lang ass awer och ee super Pianist; hie begleet eise Kanner- a Jugendensembel an de Foulschter Gesank um Piano.