Alles op der Kopp 2012 - Danzpist quasi Non-Stop gefellt

Buergsamgden, den 25 Februar wor Alles op der Kopp zu Folscht mat ronn 450 Fuesboken déi um bescht dotéierten Praismaskebal bis Moies 3 Auer gedanzt an gefeiert hun.

Den Orchester Haemelmaous an den Käpt´n Änder mam Matrous K1000 hun dafir gesuergt dass d´Danzpist quasi Non-Stop vun 10 bis 3 Auer gefellt war, sief et bei enger flotter Walz, dem rosa Hü oder Sierre Madre.

Ganz vill schéin Masken haaten de Wee ob Folscht fonnt, soudass leider net jiddereen mat engem Prais belount gin as. Mee kuckt ierch einfach ob de Fotoen selwer un, ween am schéinsten verkleed wor.