Kanner- a Jugendchouer begeeschtert Léit

Gala Concert 2017 vum Foulschter Gesank

Och dëst Joer huet de Foulschter Gesank mat engem Kanner a Jugendchouer iwwer 200 Léit op hirem Gala Concert "En Tour ëm d'Welt vu Klassik bis Pop" ze begeeschtere gewosst. Am éischten Deel vum Concert goufe virgedroen: Zigeunerleben, Non piu mesta Solo Claire Garcon-Wio, Ich wollt', ich wär ein Huhn, vun de Foulschter Comedian Harmonists (de Bäss) , Wishing you were someshow here again Solo Christine Lallemand, New York, New York, By Strauss, Flower Duet mat de Solistinne Claire Garcon-Wio a Martine Lallemand-Wio, an als Ofschloss D'Lidd vum Théiwesbuer. Den zweeten Deel huet de Kanner a Jugendchouer mat engem Tarzan-Medley ugefaang. Si kruten een riesen Applaus an och direkt eng Zugab gefrot. Et goung weider mat You raise me up, Tournent les violons, The book of love, Solo Lou Wio, Shadowland, a mat Waterloo goung den Offizielle Concert zu Enn. Zwou Zugabe goufen nach vum Publikum gefuerdert. 1. Bis : Les Lacs du Connemara. Als 2. Bis: Dir gehört mein Herz, dat vum Kanner a Jugendchouer zesumme mat deem Gesank gesonge ginn ass. Duerch de Programm hunn mat vill Charme a Witz Caroline Garcon a Christine Lallemand gefouert. Um Piano huet de Pit Heyart begleet. Op der Percussioun de Jacques Creton. Dat ganzt stoung ënnert der Leedung vum Claire Garcon-Wio. De Foulschter Gesank invitéiert Iech dann och op séi Chrëschtconcert den 17. Dezember op Foulscht an d'Parkierch. (Fotoen EH)