53. Uerdentlech Generalversammlung vun der Gaasperecher Musek

Den 23.01.2013 huet d'Gaasperecher Musek hier Generalversammlung ofghalen.
Verschidde Museker sinn geéiërt ginn a kruten een Insigne resp. eng Medail iwwerreecht, dëst vun der Union Grand-Adolphe (UGDA) an vun der Union des Sociétés de Musique vun der Stadt Lëtzebuerg (USMVL). Déi Gaasperecher Veräiner, an déi aus de Quartiers ronderëmm, waren gutt vertrueden. D'Presidentin huet an hierer Usproch Merci gesot, der Firma "Joleka" an der Firma "Mogeba Lights and Sounds", fir hier finanziell a materiel Ennerstetzung. Der Gemeng Lëtzebuerg ass Merci gesot ginn fir dee generéisen Subside an d'Verfügungstellung vum Museksall an fir Sportshaal déi während e puer Deeg benotzt muss ginn fir d'Virbereedungen vum jährlechen GalaConcert. Merci ass och gesoot ginn un all Donateur an den treie Frënn vun der Musek. D'Brasserie Colomb huet d'Presidentin speziell erwähnt fir de gudden Empfang fir den 1. Mee an fir den Haemmelsmarsch, do sinn d'Museker gutt verwinnt ginn. E Merci ass och gangen un d'Scouten, déi emmer bereet sinn fir d'Musek mat feelendem Material ze ennerstetzen. De Secretaire hat och dëst Joër erëm eng Brochure gemacht mat den Aktiwitéiten vun 2012 an och erëm eng Power Point Präsentatioun. E Gaasperecher Jong, wéi d'Presidentin hien genannt huet, ass mam Titel "Eiremusikant" ernannt ginn. An dat an der Persoun vun Guy Herr. Et ass vier d' eischte Kéiër an der Geschicht vun der Musek, wou desen Titel dédiéiërt gëtt. An der Paus gouwen et Schnittercher an e Patt ze drenken. D'Presidentin huet der Versammlung d'Zesummesetzung vum Verwaltungsrot, deen aus acht Memberen besteet, matgedeelt.
De Budget fir 2013 ass virgestallt ginn vum Keessier. Et gëtt gerechent mat engem Defizit fir 2013, deen resultéiërt duerch de Projet vun enger Concerts-Rees op Invitatioun vun der Hansestadt Havelberg (D), wou de Komittee décidéiërt huet fir d'Finanzéierung ze iwwerhuelen fir d'Museker. En Deel vun der Finanzéierung gëtt versicht iwwert verschidden Organisatiounen ofzedecken.
md (Foto LG)