De Kleeschen bei der Amiperas Sektioun Gaasperich

Wéi all Joer war och dest Joer de Kleeschen mam Housecker bei d'Amiperas op Gaasperech komm. Et gouw schéi gesongen an duerno gouw et awer och fir di brav Dammen an Hären an och fir d'Dammen aus dem Comité, déi all Donnechdes dee gudde Kaffi préparéieren, eng Naschlegkeet (Titchen). Kaffi as och dëse Mëtteg gedronk gin an e Boxemänchen gouw et mat Botter a Gebess.
De Kleeschen war op Ufro vum Präsident vun der Amiperas dem Fränz Dahm och bei d'Matarbechter vun der Gemeng am bloen Haus an och bei d'Gaasperecher Police.
Hei e puur Impressiounen vun deem schéine Nomëtteg
An der Persoun vum Kleeschen de Claude Glesener an den Housecker dat war de Jaengi Larosch. HMLG seet der Amiperas Merci an hoffentlech bis dat next Joer.
(photos by md)