Video: Erëm e groussen Optrëtt vun der Gaasperecher Musek

Wéi scho gewinnt präesentéiert d'Musek hieren GalaConcert, an dëst zënter 2004.
Den Thema war "Classic meets Western" wou d'Musiker vum Classic bis an der Western galopéiert sinn. Am éichten Deel as et gangen vun der Belcanto Ouverture, dem Triumphmarsch aus Aida, dem Barcelona, der New World Symphonie bis zum Streick vun de Musikanten.
Am zweeten Deel koumen dunn d'Cowboys an d'Indianer un d'Rei déi mat vill Peng,Peng an de Sall gelaf koumen fir de Westerndeel ze präesentéieren.
E puer Impressiounen vun engem gelongenen Owend am Bild festgehalen
(fotos md)