Frohe Botschaft in Tönen – Bachs Weihnachtsoratorium zu Grevenmacher
Den 12. an 13. Dezember 2026 invitéiert d’Chorale Municipale Grevenmacher op e ganz besonnesche musikalesche Projet an d’Kierch zu Grevenmacher: D’Kantaten I, II a VI aus dem Weihnachtsoratorium BWV 248 vum Johann Sebastian Bach.
Dëse Projet gouf vun eiser Dirigentin Salome Harms-Sanchez initiéiert a musikalesch konzipéiert. Hir Iddi ass et, net nëmmen ee grousst Wierk vum Bach op d’Bün ze bréngen, mee dobäi verschidde Generatiounen a musikalesch Strukturen aus Grevenmacher an der Regioun zesummenzeféieren.
Nieft der Chorale Municipale Grevenmacher an dem Kammerorchester Estro Armonico stinn dofir och d’Chorale Muselfénkelcher an d'Schülerinnen a Schüler vun der Regional Maacher Musekschoul mat op der Bühn.
Grad d’Bedeelegung vu Kanner a Jugendlechen ass e wichtege Bestanddeel vum Projet. Si erliewen e grousst klassescht Wierk net nëmmen als Nolauschterer, mee schaffen aktiv un der Entstoe vum Concert mat – vun de Prouwen bis zu den zwou Opféierungen. Zesumme mat erwuessene Sängerinnen a Sänger an engem professionelle Kammerorchester entsteet esou e gemeinsamt musikalescht Erliefnis iwwer Generatiounen ewech.
Och bei de Solistinnen a Soliste setzt de Projet bewosst op jonk professionell Sängerinnen a Sänger, déi trotz hirem jonken Alter schonn eng beandrockend Bühn- a Concerterfarung matbréngen.
Anna Major – Sopran
No engem Studium vun der Musikwëssenschaft zu München huet si Gesang op der Hochschule für Musik Saar studéiert. Si ass als fräischaffend Sängerin a Gesangspädagogin am In- an Ausland aktiv a war ënner anerem Stipendiatin vum Richard-Wagner-Verband Saar a vu Yehudi Menuhin Live Music Now.
Teresa Mertz Echauri – Alt
Déi däitsch-spuenesch Sängerin krut hir Ausbildung zu Pamplona an op der Hochschule für Musik Saar. Hire Schwéierpunkt läit besonnesch am Oratorien- a Liedgesang. Si huet schonn international Concerterfarung gesammelt an ass méi-fach Bundespräisträgerin bei Jugend musiziert.
Konstantin Glomb – Evangelist an Tenor
De jonken Tenor/Haut-Contre ass an Däitschland an am europäeschen Ausland aktiv. Hie studéiert op der Hochschule für Musik und Darstellende Kunst Frankfurt, schafft als fräie Mataarbechter mam SWR Vokalensemble a war Grënnungsmember vum Bundesjugendchor. Ee vu senge Schwéierpunkten ass déi historesch Opféierungspraxis.
Philipp Schneider – Bass
De lyresche Bariton aus dem Saarland studéiert Gesang op der Hochschule für Musik Saar. Hien ass méi-fach Bundespräisträger bei Jugend musiziert a konnt schonn Erfarung am Musekstheater, am Concertsberäich an am Liedgesang sammelen.
Duerch dës Verbindung vu Kanner, Jugendlechen, erwuessene Chorsängerinnen a -sänger, jonke Solisten an professionelle Museker soll e gemeinschaftleche Projet entstoen, dee wäit iwwer e klassesche Chouerconcert erausgeet.
Ënnert der musikalescher Leedung vum Salome Harms-Sanchez féieren d’Kantaten I, II a VI vum jubelnden Ufank vun der Chrëschtgeschicht iwwer déi méi intim Hiertemusek bis zum festleche Schluss vum Weihnachtsoratorium.
Samschdeg, 12. Dezember 2026 – 18:00 Auer
Sonndeg, 13. Dezember 2026 – 17:00 Auer
📍 Kierch zu Grevenmacher
Entrée: 25 €
Jugendlecher bis 18 Joer: 15 €
Kanner ënner 12 Joer: gratis
D’Concerte fannen ënnert dem Patronage vun der Ville de Grevenmacher statt.
Mir freeën eis op zwee aussergewéinlech Concerten an op eng „Frohe Botschaft in Tönen“ vu verschiddene Generatiounen – gemeinsam op enger Bühn.