Assemblée Générale am Kulturhuef

De Kulturhuef huet op senger Assemblée Générale de 25. Februar 2019 net nëmmen e Réckbléck op 2018 presentéiert mee och en Abléck an de flotte Programm 2019 geliwwert. Des Weidere gouf e grousse Merci net nëmmen un d'Gemeen Gréiwemaacher an de Kulturministère ausgeschwat, mee och un déi vill Benevollen a Freelance ouni déi de Kulturhuef net dat wier wat en ass.

De Rapport vun der Assemblée fannt Dir fir erofzelueden op der Säit kulturhuef.lu.