Assemblée générale vun der Kulturhuef a.s.b.l.

E Joer voller Erausfuerderungen


Eng aussergewéinlech Generalversammlung fir de Kulturhuef huet gëschter Owend zu Gréiwemaacher an iwwert Zoom stattfonnt. Natierlech war och de Rapport d’Activités 2020 dee presentéiert gouf, dee vun engem Joer voller Erausfuerderungen. Voller Iddien an Enthusiasmus ass d’Ekipp vum Kulturhuef an d’Joer 2020 gestart, besonnesch well de Kulturhuef sollt seng 20 Joer feieren.

Ewéi mir all wësse koum et anescht. „Mir sinn ausgebremst ginn, mee d’Motivatioun ass eis net verluere gaangen“, esou d’Presidentin Liane Felten gëschter Owend op Flohr.


Esou huet d’Ekipp fläisseg weidergeschafft, och wärend dem Confinement: net nëmme sinn direkt Mesuren ëmgesat an ëmmer erëm adaptéiert ginn, och déi ofgesoten Evenementer sinn, wou méiglech mat digitalem Contenu ersat ginn mat ville flotte Videoen a Bäiträg ënnert dem #kulturhuefathome. Wou et goung, hunn Evenementer ënnert séchere Konditioune stattfonnt.


De Kulturhuef huet dëst Joer och genotzt fir eng Rëtsch Projeten ëmzesetzen, respektiv ze lancéieren:


Am Kino sinn d’Luuchte komplett ersat ginn. Säit dem Juni bitt de Kulturhuef Kino och en Online Ticket Service un, deen immens gutt ugeholl gouf. Des weidere gouf am August eng nei Entrée fir de Kino gebaut, fir de Kino un all déi Changementer déi et iwwert déi leschte Joer am Keesesystem a Fonctionnement vum Kino gouf, unzepassen.


Am Musée goufe mat der Hëllef vum Jacques Reitz eng nei Formatioun fir d'Ausstellung Dieudonné ausgeschafft, 4 nei Guiden sollen ab Mëtt Abrëll zum Asaz kommen. 
An de Kulturhuef Bistro gouf mat enger permanenter Kommunikatioun an och finanziell ënnerstëtzt.


Am gewichtegsten ass awer wuel datt de Kulturhuef am Kader vum Programm „Neistart Lëtzebuerg“ vum Kulturministère 3 Projeten accordéiert krut.


Den éischte Projet ass och schonn am Kulturhuef Musée ugelaf: eng Kënschtlerresidenz vu 6 Méint mat der Fotografin Neckel Scholtus gouf mat engem Montant vun 30.000€ ënnerstëtzt.


2. Des weidere krut de Kulturhuef emol 5.909,91.-€ fir d’Ausschaffe vun engem pedagogesche Projet fir de Musée.


3. Schliisslech krut de Kulturhuef emol 74.748,00.-€ fir d’Ausschaffe vun 3 neie Statiounen, déi am Kader vun der Gutenberg Expositioun an de nächsten 2 Joer ausgeschafft ginn, zougesprach.


Vu Stëllstand kann also am Kulturhuef och 2020 keng Ried gewiescht sinn an 2021 versprécht e produktiivt Joer mat ville Neierunge fir de Kulturhuef ze ginn, esou d’Presidentin Liane Felten ofschléissend.


Foto: v.l.n.r. Diane Jodes, Monika Jakobs, Jacques Reitz, Liane Felten, Lidi Giampellegrini, Nadine Geisler, Jean Reitz



Conseil d’administration Kulturhuef a.s.b.l.

Liane Felten

Magalie Tasch

Lidia Giampellegrini

Jean Reitz

Jacques Reitz

Volker Hoyer

Nadine Geisler