Edith van den Heuvel Trio am Kulturhuef am Kader vum Sunset Unplugged@Bistro

E flotten Owend hate mir och dëse Mëttwoch mat dem super Edith van den Heuvel Trio um Sunset Unplugged@Bistro am Kulturhuef! Merci de sympathesche Museker Edith van den Heuvel, Paulo Simoes an Annemie Osborne déi de Publik mat hirem Jazz-Repertoire duerch waarme Summerowend gefouert hunn. Nächste Mëttwoch kënnt eis Serie vu gratis Concerte mam Kid Colling an David Franco leider op en Enn, also verpasst och net dës talentéierte Blues-Museker! Ab 18:30 am Kulturhuef