Sunset Unplugged Afterwork Concerten am Kulturhuef - et war schéin!


... ass wuel dee ganz einfache Fazit vun eiser Afterwork Concertsréi. 3 Mëttwochowenter voller gudder Musek, engem kille Patt a vill, vill Sonn- esou koum eng richteg Vakanzestëmmung am Kulturhuef op. Ugefaange gouf den 22. Juli mat dem Arthur Possing Trio featuring Claire Parsons mat verdreemte Melodien net nëmmen an absolutte Jazz Klassiker, mais och modernen Interpretatioune vun hirem ganz eegene Sound. D'Band IRINA hunn de Mëttwoch drop mat hirem staarken Unplugged Sound eise Publik dozou kritt matzegoen a matzesangen. Den Ofschloss hunn de Laurent Kohn Quartett mat hirer Rees an de méi puere Jazz gemaach an esou eise Publik esou richteg begeeschtert. Mir freeën eis datt dës Concerte konnte stattfannen a soen net nëmmen de super a sympathesche Museker, mee och eisem Publik Merci datt si komm sinn an och mat Sécherheetsmesurë vill gutt Laun a Begeeschterung matbruecht hunn.


Eise Programm fir de Rescht vum Joer fannt Dir op www.kulturhuef.lu


Mir gesinn eis fir de Sunset Unplugged 2021!