Vernissage WANTED 2019 am Kulturhuef

E super Owend gëschter Owend um Vernissage vun der Kënschtlerresidenz WANTED 2019 am Kulturhuef. E grousse Merci de wonnerbare Kënschtler Thomas Peter, Diane Jodes, Anna Eiber, Neckel Scholtus a Laas Koehler, eiser Presidentin Liane Felten, der Kulturschäffin Monique Hermes an dem Schäffe Marc Krier an natierlech all de Léit déi eis gehollef hunn a kucke komm sinn. Natierlech och e grousse Merci un Entrapaulus, de Lënster Bicherclub, de LEADER an d'Equipe aus dem Bistro fir hire generéise Support ouni deen dëse Projet net méiglech gewiecht wier.



D'Wierker ginn nach bis den Dezember am Kulturhuef Musée ausgestallt a kafe kënnt Dir Iech se och, entweder an enger méi klenger Versioun oder an där Grousser déi mat der Stroossewalz gedréckt gouf. Fir weider Informatiounen och zu anere Projeten a Programmatiounspunkter, kuckt w.e.g. op: www.kulturhuef.lu