Grouss Botz zu Groussbus an Dellen

"Konkrete Naturschutz um Terrain" war d'Motto vun der dësjäreger grousser Botz zu Groussbus an Dellen. Vill äifreg Awunner a Membere vun de lokale Veräiner haten sech op dësem traditionelle Fréijoers Rendez-vous afonnt fir den Dréck vu Weeër a Plazen opzerafen, an dat trotz schwierege Wiederkonditiounen. D'Gemengevertrieder hu präziséiert, wéi wichteg dës Aktioun ass fir d'Leit dobaussen fir Natur-an Ëmweltthemen ze sensibiliséieren, a fir dem Ziel méi nozekommen, onse Kanner eng liewenswäert Ëmwelt och nach an Zukunft z'erhalen. No der Aarbiicht stoung dann dat lëschtegt Zesummesinn zu Dellen um Programm, wou d'Chorale St-Hubert an Zesummenaarbecht mam Self Defense de Leit eng lecker Spaghetti an e gudde Pättchen zerwéiert huet.