Ouschterfeier zu Groussbus

Ouschternuecht zu Groussbus.


An der Zesummenaarbecht mat der Por hunn d’ Scouten vun Groussbus d ’Ouschterfeier organiséiert. Während engem W-E hunn eis CaraPio um Neihaischen (et ass dëst den gréissten, nationalen Chalet vun den LGS), Konstruktioun s-Holz gesammelt, dëst no der Scout s-Method verschafft an een Trepied op d’ Been gestallt. Hei sinn dann méi dënn Hëlzer vun uewen no ënnen verbonnen ginn, déi esou een Ouschter-Nascht gebillt hunn.


Awer wat ass een Nascht ouni d’ Ee fir dran. Mat dënnen Äscht hunn mir och een Ee geformt an mat Pabeier (fir d’ Faarf) gefëllt.


Den Dag vun der Ouschternuecht dann hunn mir eis Konstruktioun nieft d’ Kierch bruecht, wou d’ Gemeng eis Sand zur Verfügung an als Ënnergrond zur Verfügung gestallt hat (der Gemeng an dem Här Buergemeeschter hei een groussen Merci).

Virun der Mass hunn mir ugefangen mat engem kléngen Feier – dëst huet dem Paschtouer gedéngt, fir d’ Ouschter-Käerz fir d’ Mass un ze fänken.


No der Mass war et esouwäit – eist Ouschter-Ee ass ugefangen ginn. Nieft bäi gouf den Leit Thüringer, Kéis-Wuppen an waarmt an kaalt Gedrénks ugebueden. Esou gouf d’ Mass bei engem flotten Zesummen ronderëm een ‘anert’ Lagerfeier auskléngen gelooss, wou d’ Leit gemittlech konnten zesummen sinn an nach en bëssen ‘poteren’ konnten.


Op dëser Platz gëllt et dann awer och nach Merci ze soen. Merci all deenen Leit, déi eis hei esou léif eng Hand mat ugepaakt hunn, oder awer dës Aktivitéit op iergend eng aner Aart an Weis ënnerstëtzt oder erméiglecht hunn.


Merci der Gemeng Groussbus an dem Här Buergemeeschter fir d’ Erlaabnes an d’ Bereetstellen vun dem Material.


Merci dem Här Paschtouer fir déi flott Idee an déi gutt Zesummenaarbecht.

Merci den Pompjeeën vun Groussbus, dass si ‘fir den Fall’ op der Platz waren an eis zum Ofschloss eisen Grill ofgekillt hunn – ouni iech wieren mir nach vill méi spéit an d’ Bett komm 😊.


Merci un eis Amicale an un d’ Scouten aus dem ganzen Land, déi bei eis op Besuch waren – Merci fir Är Ënnerstëtzung – ech hoffen, dir hat een flotten Owend.

More news by Lëtzebuerger Guiden a Scouten Groussbus >