Eierung bei de grënnësche Gesangversäiner

E Freideg, den 10. Mäerz 2023, hunn d’Grënnësch Spatzen an duerno d’Fraternelle hir Generalversammlungen ofgehalen. Béid Veräiner si finanziell gutt opgestallt. Si géife sech awer freen, wa sech e bëssi Nowuess géif zu hinne gesellen. D’Madamm Sasha Dyba vun der ASBL LUkraine huet Merci gesot fir déi generéis Spend, déi d’Veräiner hinnen am Kader vun der Generalversammlung 2022 gesammelt haten. D’Veräiner kruten en ukrainesche Fändel iwwerreecht als Zeeche vun der Dankbarkeet an der Frëndschaft tëscht der Ukraine a Lëtzebuerg. Vun der UGDA krut den Domingos Martins den Insigne fir 5 Joer an d’Angèle Michels-Unsen d’Médaille en vermeille Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer iwwereecht. Desweidere krut si Kaddoe vun hire Gesangveräiner fir hir Trei (52 Joer Fraternelle an 29 Joer Spatzen). Hir éischt musikalesch Erfahrung huet si an hirem Heemechtsduerf gemaach éier d’Léift si an de Gronn verschloen huet.