"Five Blind Man" um ApéroJazz an der Brasserie vun der Abtei Neumünster:

Dat flottst bei Concerten vum ApéroJazz an der Brasserie Neumünster ass datt een ganz dacks Concerten vun immens talentéierten Muséker ze héieren kritt wéi z.B. haut, um Sonnden den 26.05.2013.

Leider kennt et vir datt een se duerno entweder nie méi an däer Kombinatioun erem héiert oder wann dann zumindest an aneren Formatiounen.

Dat héiten Superquintet kann een zum Gléck den 21.06.2013 zu Merscheed am Pärdsatelier neess erliewen, just den Trompettist ass een aneren.

Gespillt hun "Five Blind Men":

Jean-Paul Estiévenart - Trumpet,
Steven Delannoye - Saxophone, Bassklarinett,
Peter Delannoye - Trombone,
Stefano Agostini - Bass,
Toni Vitacolonna - Drums



Firwat se sech Five Blind Man genannt hun hat ech vergiess ze froen.