First Responder - Pompjeeën Harel (Harlange)

Seit Oktober lescht Joer fueren och d'Pompjeeën vun Harel (Stauséigemeng) als First Responder mat raus, fir bei Persounenrettung ze hëllefen. Do virdrun hun 11 Pompjeesmemberen niewt dem Éischt-Hëllef Kurs eng speziell Formatioun gemach. Den "First Responder" och als "Helfer vor Ort" bekannt, si Pompjeeën aus den Dierfer, déi a kurzer Zäit enger Persoun a Nout, Éischt-Hëllef leeschten, bis d'Ambulanz oder de Samu antrëfft.
Wéi get den First Responder alarméiert?
Den Asazleeder bei der Noutrufzentral 112 entscheed ob den First Responder aktivéiert gët. Well d'Leit vum First Responder kurz Ufahrtsweeër a gudd Ortskenntnisser hun, könne sie a kurzer Zäit op der Asazstell ukommen a schon liewenserhalend Mossnahmen beim Patient aleeden. Anner Zieler sin, d'Rettungskräften azeweisen an déi betraffen Familje ze betreien. Déi typisch Noutfäll sin Otembeschwerden, Bewusstlosigkeet, Herzinfakt, stark Bludungen a Verkéiersaccidenter. D'Leit vum First Responder Team si mat engem Noutfallrucksack équipéiert. Een AED (Automatisierter Externer Défibrillator) hu se am Auto fir bei engem eventuellen Herzstillstand schnell an optimal Hëllef ze leeschten. D'Gemeng huet zousätzlech an all Uertschaft eng AED-Statioun opgericht wou een den Défibrillator direkt kann raus huelen.
Wann der Informatiounen wellt oder wann der interesséiert sidd beim First Responder an der Stauséigemeng matzeschafen, dann könnt der Kontakt mam Kommandant vun den Hareler Pompjeeën, Thierry Schon ophuelen.
Hëlleft eis Hëllefen!