Jonn Happi presentéiert CIRCÜS TONNARELLI

16
Jun
2023
16 Jun 17 Jun 18 Jun

RESERVATIOUNEN OP www.maskenada.lu

De Serge Tonnar a seng Band associéiere sech mat der Konschtfigur Jonn Happi fir e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d'Been ze setzen, mat deem si 2023 op Tournée ginn. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt geet et op de Camping, de Publikum kann esou och nom oder virum Optrëtt d'Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem, ganz nohalteg an d'Police huet och manner ze dinn.

Am Mëttelpunkt vum Programm stinn déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wär also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi. Wëll hien de Museker d'Show klauen? Oder sinn et d'Museker, déi hien an de Schied setze wëllen? Et entsteet e Spannungsfeld tëscht de Kënschtler an den Disziplinnen: Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret… De Publikum gëtt, ob e wëll oder net, mat eragezunn a muss selwer entscheeden, ob et fir ze laachen, oder fir ze kräischen ass.