Loscht un de Fiedem ze zéien ...

Zanter dem 11. März ass d'Veräinsliewen vun Heischent em 1 Veräin méi räich: Tutebatti asbl. Et handelt sech hei em eng asbl, déi sech zum Ziel gesaat huet, d’Marionette-Spill ze promouvéieren an mat enger mobiler Bühn bei sozial schwaache Kanner, respektiv bei kranke Kanner an der Kannerklinik oder op aanere Plaatzen ze spillen. Den Tutebatti huet den Abléck schon 14 verschidde Marionetten, wéi zum Beispill d’Hex Rumpumpelknuddelfutz, de Raiber Stoppelbaart, de Batti an de Jhempi.

Eng Partie vun den Heischter Kanner dierften den Tutebatti och schon kennen, well hien ass schon e puer mol bei eis an der Gemeng opgetrueden: an der Krabbelstuff, am Précoce, an der Spillschoul an um Marionette-Festival zu Todler.

D’Stécker sinn fir kleng Leit tëschent 2 an 8 Joër geduecht, ouni Gewalt a mam eenzegen Ziel, d’Kanner un d’Laachen ze bréngen. Mam Marionetten-Theater gët probéiert Werter un d’Kanner ze vermëttelen, wéi Frëndschaft, Solidaritéit oder E’erlechkeet.

Leit, déi um Marionette-Spill an der Gemeng interesséiert sinn an sech fir e soziale Projet engagéiere wëllen, kënne sech gäre bei der asbl mellen.

Et ginn gesicht :
- Marionette-Spiller
- Hobby-Baster / Moler fir Dékoren
- Schrëftsteller fir eis Stécker ze schreiwen
- Webmaster fir den Internet-Site
- etc

Tutebatti asbl
p/a Yves Karier
37, Neiewee
L-9157 Heiderscheid

Den Tutebatti ass och um Facebook. Dir fannt hien ënnert www.facebook.com/tutebatti